Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • Matthäus 6
  • Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

Matthäus 6:9

Foussnouten

  • *

    Wtl. „gehellegt“

Matthäus 6:12

Foussnouten

  • *

    Wtl. „Schold“

  • *

    Wtl. „déi an eiser Schold stinn“

Matthäus 6:13

Foussnouten

  • *

    Oder „Däiwel“

Matthäus 6:23

Foussnouten

  • *

    Oder „neidesch“

Matthäus 6:25

Foussnouten

  • *

    Oder „är Séil“

  • Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
  • 10
  • 11
  • 12
  • 13
  • 14
  • 15
  • 16
  • 17
  • 18
  • 19
  • 20
  • 21
  • 22
  • 23
  • 24
  • 25
  • 26
  • 27
  • 28
  • 29
  • 30
  • 31
  • 32
  • 33
  • 34
Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung
Matthäus 6:1-34

Matthäus

6 Passt op, datt dir net nëmme Guddes maacht, fir vun de Leit gesinn ze ginn, soss kritt dir keng Belounung vun ärem Papp, deen am Himmel ass. 2 Wann s du den Aarmen eppes gëss, da posaun dat net eraus ewéi d’Heuchler an de Synagogen an op de Stroossen. Si maachen dat, fir vun de Mënsche geéiert ze ginn. Ech versécheren iech: Dat ass alles, wat si vu Belounung kréien. 3 Du awer, wann s du den Aarmen eppes gëss, da looss deng lénks Hand net wëssen, wat déi riets mécht. 4 Wann s du eppes gëss, da maach et esou, datt keen et gesäit. Däi Papp, deen alles gesäit, belount dech dann dofir. 5 A wann dir biet, da sidd net esou wéi d’Heuchler. Beim Biede stinn si gär an de Synagogen an op den Ecker vun den Haaptstroossen, fir vu jidderengem gesinn ze ginn. Ech versécheren iech: Dat ass alles, wat si vu Belounung kréien. 6 Du awer, wann s du biets, géi an deng Kummer, maach deng Dier zou a biet zu dengem Papp, dee kee gesäit. Däi Papp, deen alles gesäit, belount dech dann dofir. 7 Wann dir biet, da sot net ëmmer erëm déi selwecht Wierder, ewéi d’Leit aus aneren Natiounen et maachen. Si mengen, si géifen erhéiert ginn, well si vill Wierder soen. 8 Sidd also net esou wéi si, well äre Papp weess, wat dir braucht, nach bevir dir hien dorëms frot. 9 Dir sollt esou bieden: ‚Eise Papp am Himmel, däin Numm soll geéiert* ginn. 10 Looss däi Kinnekräich kommen. Looss däi Wëlle geschéien, ewéi am Himmel, esou och op der Äerd. 11 Gëff eis haut eist Brout fir dësen Dag. 12 Verzei eis eis Sënnen*, esou wéi mir deene scho verzien hunn, déi géint eis gesënnegt hunn*. 13 A looss net zou, datt mir a Versuchung kommen, mee rett eis virum Béisen*.‘ 14 Wann dir aneren hir Feeler verzeit, da verzeit äre Papp am Himmel iech och. 15 Wann dir aneren awer hir Feeler net verzeit, da verzeit äre Papp am Himmel iech och net. 16 Wann dir faascht, haalt op, eng trauereg Minn ze maachen ewéi d’Heuchler. Si verstellen hir Gesiichter, fir datt d’Leit solle gesinn, datt si faaschten. Ech versécheren iech: Dat ass alles, wat si vu Belounung kréien. 17 Du awer, wann s du faaschts, wäsch däi Gesiicht a fleeg deng Hoer mat Ueleg, 18 esou datt d’Leit net mierken, datt s du faaschts, mee nëmmen däi Papp, dee kee gesäit. Däi Papp, deen alles gesäit, belount dech dann dofir. 19 Haalt op, iech Schätz hei op der Äerd unzesammelen, wou Matten a Rascht se zerstéieren a wou Abriecher se klauen. 20 Et ass besser, wann dir iech Schätz am Himmel usammelt, wou weeder Matten a Rascht se zerstéieren nach Abriecher se klauen. 21 Well do, wou däi Schatz ass, do ass och däin Häerz. 22 D’A ass ewéi eng Luucht fir de Kierper. Wann däin A op dat Richtegt fokusséiert ass, dann ass däi ganze Kierper voller Liicht. 23 Wann awer däin A op dat Falscht ausgeriicht* ass, dann ass däi ganze Kierper voller Däischtert. Wéi schrecklech, wann d’Liicht an dir däischter gëtt! 24 Kee kann zwee Meeschteren déngen. Entweeder en haasst deen een an huet deen anere gär, oder en hält zu deem engen a veruecht deen aneren. Dir kënnt net gläichzäiteg Gott an dem Räichtum déngen. 25 Dowéinst soen ech iech: Haalt op, iech Suergen iwwert äert Liewen* ze maachen, also dat, wat dir iessen oder drénke sollt, oder iwwert äre Kierper, also wat dir undoe sollt. Ass äert Liewen net méi wichteg ewéi Iessen an äre Kierper net méi wichteg ewéi Kleeder? 26 Kuckt iech genee d’Villercher um Himmel un. Si séie kee Som, sammele keng Kären a späicheren se och net an enger Scheier. An awer fiddert äre Papp am Himmel si. Sidd dir net méi wäert ewéi si? 27 Wie vun iech kann doduerch, datt en sech Suerge mécht, säi Liewen och nëmmen e bësse verlängeren? 28 A firwat maacht dir iech Suergen iwwert Kleeder? Léiert vun de Blummen, déi um Feld wuessen. Si schaffen net a spanne keen eenzege Fuedem. 29 Awer ech soen iech, datt net emol de Salomo a senger ganzer Herrlechkeet esou schéi gekleet war ewéi si. 30 Wa Gott d’Planzen, déi haut um Feld wuessen a muer am Uewe verbrannt ginn, schonn esou kleet, wéi vill méi kleet hien iech dann? Hutt dir esou wéineg Glawen? 31 Maacht iech also ni Suergen a sot: ‚Wat solle mir iessen?‘, oder: ‚Wat solle mir drénken?‘, oder: ‚Wat solle mir undoen?‘ 32 Mënschen, déi Gott net kennen, lafen all deene Saachen no. Awer äre Papp am Himmel weess, datt dir dat alles braucht. 33 Setzt also Gott säi Kinnekräich a seng gerecht Moossstief weider op déi éischt Plaz a Gott suergt dofir, datt dir all déi aner Saache kritt. 34 Maacht iech dowéinst ni Suergen ëm den nächsten Dag, well den nächsten Dag huet seng eege Suergen. All Dag bréngt scho genuch Problemer mat sech.

Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
Ofmellen
Umellen
  • Lëtzebuergesch
  • Deelen
  • Astellungen
  • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
  • Notzungsbedingungen
  • Dateschutzerklärung
  • Datenschutzeinstellungen
  • JW.ORG
  • Umellen
Deelen