Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • Matthäus 7
  • Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

Matthäus 7:2

Foussnouten

  • *

    Wtl. „wéi dir anerer moosst“

  • *

    „gemooss“

Matthäus 7:9

Foussnouten

  • *

    Wtl. „Jong“

Matthäus 7:11

Foussnouten

  • *

    Oder „vill Schlechtes maacht“

  • Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
  • 6
  • 7
  • 8
  • 9
  • 10
  • 11
  • 12
  • 13
  • 14
  • 15
  • 16
  • 17
  • 18
  • 19
  • 20
  • 21
  • 22
  • 23
  • 24
  • 25
  • 26
  • 27
  • 28
  • 29
Bibelverse vun der Nei-Welt-Iwwersetzung
Matthäus 7:1-29

Matthäus

7 Haalt op, iwwert anerer ze riichten, fir datt dir net selwer geriicht gitt. 2 Well esou wéi dir anerer riicht, gitt dir och selwer geriicht, an esou wéi dir anerer behandelt*, gitt dir och behandelt*. 3 Firwat kucks du op d’Spläiter am A vun dengem Brudder a mierks awer net, datt s du selwer eng Dunn an dengem A hues? 4 Oder firwat erlaabs du dir, dengem Brudder ze soen: ‚Komm, ech huelen dir d’Spläiter aus dengem A eraus!‘, wann s du selwer eng Dunn an dengem A hues? 5 Du Heuchler! Huel fir d’éischt d’Dunn aus dengem eegenen A eraus an da gesäis du kloer, wéi s du d’Spläiter aus dem A vun dengem Brudder eraushuele kanns. 6 Gitt den Hënn näischt, wat helleg ass, a geheit är Pärelen net virun d’Schwäin, fir datt si se net zertrëppelen an sech dann ëmdréien an iech a Stécker rappen. 7 Frot ëmmer erëm an da kritt dir, sicht ëmmer weider an da fannt dir, klappt ëmmer weider an da gëtt iech opgemaach. 8 Well jiddereen, dee freet, kritt, a jiddereen, dee sicht, fënnt, a jiddereen, dee klappt, kritt opgemaach. 9 Wie vun iech géif sengem Kand* e Stee ginn, wann et ëm Brout freet? 10 Oder wann et ëm e Fësch freet, géift dir him dann eng Schlaang ginn? 11 Wann also dir scho wësst, wéi dir äre Kanner Guddes schenkt, obwuel dir béis sidd*, wéi vill méi gëtt äre Papp am Himmel iech da gutt Saachen, wann dir hien dorëms frot! 12 Behandelt déi aner ëmmer esou, wéi dir selwer gär behandelt gitt. Dat ass nämlech de Kär vum Gesetz a vun de Prophéiten. 13 Gitt duerch déi schmuel Paart, well déi breet Paart an de breede Wee féieren an d’Vernichtung, a vill Leit ginn op dësem Wee. 14 Awer déi schmuel Paart an den enke Wee féieren zum Liewen, an nëmme wéineg Leit fannen dee Wee. 15 Huelt iech an Uecht virun de falsche Prophéiten, déi als Schof verkleet bei iech kommen, awer a Wierklechkeet gefréisseg Wëllef sinn. 16 Dir erkennt si un hire Friichten. Et fënnt ee keng Drauwen un Därenhecken oder Figen un Dëschtelen. 17 Esou dréit e gudde Bam gutt Friichten, awer e faule Bam kann nëmme faul Friichten droen. 18 E gudde Bam ka keng schlecht Friichten droen an e faule Bam keng gutt. 19 Wann e Bam keng gutt Friichten dréit, gëtt en ëmgehaen a verbrannt. 20 Dir erkennt dës falsch Prophéiten also un hire Friichten. 21 Net jiddereen, deen zu mir seet: ‚Här, Här!‘, kënnt an d’Kinnekräich vum Himmel, mee nëmmen deen, deen dat mécht, wat mäi Papp am Himmel wëll. 22 Den Dag kënnt, un deem vill zu mir soen: ‚Här, Här! Hu mir net an dengem Numm prophezeit an an dengem Numm Dämonen ausgedriwwen an an dengem Numm grouss Wonner bewierkt?‘ 23 Awer da soen ech hinnen: ‚Ech hunn iech ni kannt! Verschwannt, dir haalt iech net un d’Gesetz!‘ 24 Dowéinst: Wien dat héiert, wat ech soen, an dono lieft, ass ewéi e verstännege Mann, deen säin Haus op Fiels gebaut huet. 25 Wéi et staark gereent huet an d’Héichwaasser komm ass an e staarke Wand géint d’Haus geblosen huet, ass et net zesummegefall, well et op Fiels gebaut war. 26 Awer wien dat héiert, wat ech soen, an net dono lieft, ass ewéi e Mann, deen esou domm war, säin Haus op Sand ze bauen. 27 Wéi et staark gereent huet an d’Héichwaasser komm ass an e staarke Wand géint d’Haus geblosen huet, ass et zesummegefall a war komplett zerstéiert.“ 28 Wéi de Jesus fäerdeg war mat schwätzen, hunn d’Leit iwwert seng Aart, fir si ze beléieren, gestaunt, 29 well hien si mat Autoritéit geléiert huet, an net esou wéi hir Schrëftgeléierten.

Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
Ofmellen
Umellen
  • Lëtzebuergesch
  • Deelen
  • Astellungen
  • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
  • Notzungsbedingungen
  • Dateschutzerklärung
  • Datenschutzeinstellungen
  • JW.ORG
  • Umellen
Deelen