Matthäus
5 Wéi hien déi vill Leit gesinn huet, ass hien op e Bierg gaangen. An nodeems hien sech gesat huet, sinn seng Jünger bei hie komm. 2 Dunn huet hien ugefaangen, si ze léieren a sot: 3 „Glécklech sinn déi, déi sech bewosst sinn, datt si Gott brauchen, well hinne gehéiert d’Kinnekräich vum Himmel. 4 Glécklech sinn déi, déi traueren, well si gi getréischt. 5 Glécklech sinn déi, déi en duusst Wiesen hunn, well si ierwen d’Äerd. 6 Glécklech sinn déi, déi no Gerechtegkeet verlaangeren*, well si kréien hire Wonsch vu Gott erfëllt. 7 Glécklech sinn déi, déi baarmhäerzeg sinn, well hinne gëtt Baarmhäerzegkeet erwisen. 8 Glécklech sinn déi, déi e rengt Häerz hunn, well si kréie Gott ze gesinn*. 9 Glécklech sinn déi, déi de Fridde fërderen, well si gi Kanner vu Gott genannt. 10 Glécklech sinn déi, déi wéinst der Gerechtegkeet verfollegt ginn*, well hinne gehéiert d’Kinnekräich vum Himmel. 11 Glécklech sidd dir, wann dir wéinst menger beleidegt a schlecht behandelt gitt a lauter Ligen a béis Saachen iwwert iech erzielt ginn. 12 Freet iech a sidd iwwerglécklech, well Gott gëtt iech eng grouss Belounung*. Schliisslech sinn d’Prophéite virun iech geneesou verfollegt ginn. 13 Dir sidd d’Salz vun der Äerd. Wann awer d’Salz kee Goût méi huet, wéi kann et dann nees salzeg gemaach ginn? Et ass fir näischt méi ze gebrauchen. Et gëtt just nach ewechgeheit a vun de Leit zertrëppelt. 14 Dir sidd d’Liicht vun der Welt. Eng Stad kann een net iwwersinn, wann se op engem Bierg läit. 15 Wann d’Leit eng Luucht ufänken, da stellen si se net ënnert e Kuerf, mee op e Luuchtestänner, sou datt se fir all déi liicht, déi am Haus sinn. 16 Loosst also och dir äert Liicht virun de Mënsche liichten, esou datt si är gutt Wierker gesinn an ärem Papp am Himmel d’Éier ginn. 17 Mengt net, datt ech komm sinn, fir d’Gesetz oder d’Prophéiten ofzeschafen. Ech sinn net komm fir ofzeschafen, mee fir ze erfëllen. 18 Ech versécheren iech: Éischter verginn Himmel an Äerd, ewéi datt och nëmmen de klengste Buschtaf oder och nëmmen ee Stréch vun engem Buschtaf aus dem Gesetz verschwënnt, ier sech alles erfëllt huet. 19 Wien also nëmmen eent vun de klengste Geboter brécht, an anerer léiert, dat selwecht ze maachen, dee kënnt net an d’Kinnekräich vum Himmel*. Awer wien dës Geboter anhält an och anerer léiert se anzehalen, deen ass fir d’Kinnekräich vum Himmel gëeegent*. 20 Ech soen iech: Wann dir net méi gerecht sidd ewéi d’Pharisäer an d’Schrëftgeléierten, da kommt dir op kee Fall an d’Kinnekräich vum Himmel. 21 Dir hutt héieren, datt äre Virfare gesot ginn ass: ‚Du solls keen ëmbréngen. Wien een ëmbréngt, dee muss sech viru Geriicht veräntwerten.‘ 22 Ech awer soen iech, datt jiddereen, dee weider rosen op säi Brudder ass, sech viru Geriicht veräntwerte muss. A jiddereen, dee säi Brudder mat gehässege Wierder beleidegt, dee kënnt virun de Sanhedrin*. Awer wie seet: ‚Du bass dat Allerlescht!‘, deen erwaart d’Vernichtung*. 23 Wann s du also en Affer bei den Altor bréngs an dech do erënners, datt däi Brudder eppes géint dech huet, 24 da looss däin Affer virum Altor stoen. Géi a schléiss fir d’éischt Fridde mat dengem Brudder an da komm zeréck an offréier däin Affer. 25 Wann een dech op d’Geriicht huele wëll, dann arrangéier dech mat him nach um Wee fir dohin. Soss liwwert hien dech dem Riichter aus, de Riichter verurteelt dech a liwwert dech dem Geriichtsdénger aus, an du gëss dann an de Prisong geheit. 26 Ech versécheren dir: Du kënns do op kee Fall eraus, ier s du alles bis op de leschte Su bezuelt hues. 27 Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: ‚Du solls d’Bestietnes net briechen, andeems du friemgees.‘ 28 Ech soen iech awer, datt jiddereen, deen eng Fra stänneg leidenschaftlech ukuckt, a sengem Häerz scho mat hir friemgaangen ass. 29 Wann däi rietst A dech also dozou verféiert, eppes Schlechtes ze maachen, da rapp et eraus a gehei et ewech. Et ass besser fir dech, ee Kierperdeel ze verléieren, ewéi datt däi ganze Kierper vernicht gëtt*. 30 A wann deng riets Hand dech dozou verféiert, eppes Schlechtes ze maachen, dann ha se of a gehei se ewech. Et ass besser fir dech, ee Kierperdeel ze verléieren, ewéi datt däi ganze Kierper vernicht gëtt*. 31 Et ass och gesot ginn: ‚Wien sech vun senger Fra scheede léisst, soll hir Scheedungspabeiere ginn.‘ 32 Ech awer soen iech, datt jiddereen, deen sech vun senger Fra scheede léisst – ausser wéinst onerlaabtem Sex – si der Gefor aussetzt, friemzegoen an d’Bestietnes ze briechen. A wien dës gescheete Fra bestit, dee brécht och d’Bestietnes. 33 Dir hutt och héieren, datt äre Virfare gesot ginn ass: ‚Du solls net schwieren, wann s du et net anhale kanns. Wann s du Jehova eppes versprach hues, da solls du et och anhalen.‘ 34 Ech awer soen iech: Dir sollt iwwerhaapt net schwieren. Sot net: ‚Den Himmel ass mäin Zeien‘*, well en ass Gott säin Troun. 35 Schwiert och net op d’Äerd, well si ass Gott seng Foussbänk*, an och net op Jerusalem, well et ass d’Stad vum grousse Kinnek. 36 Schwier och net op däin eegene Kapp, well du kanns net emol bewierken, datt en eenzegt Hoer wäiss oder schwaarz gëtt. 37 Äre ‚Jo‘ soll e Jo sinn, an äre ‚Nee‘ en Nee, well wann dir Saache sot, déi dir net sou mengt, da maacht dir et dem Däiwel no*. 38 Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: ‚A fir A an Zant fir Zant.‘ 39 Ech awer soen iech: Leescht engem béise Mënsch kee Widderstand. Wann een dech op de rietse Bak schléit, dann hal him och nach deen aneren dohin. 40 A wann een dech op d’Geriicht huele wëll, fir däi bannescht Gewand ze kréien, da looss him och nach däi baussecht Gewand. 41 A wann een, deen Autoritéit huet, dech dozou zwéngt, eng Meil ze goen, da géi der zwou mat him. 42 Wann een dech ëm eppes freet, da gëff him et. A wann een eppes vun dir léine wëll, da refuséier him et net. 43 Dir hutt héieren, datt gesot ginn ass: ‚Du solls däin Nächste gär hunn an däi Feind haassen.‘ 44 Ech awer soen iech: Haalt net op, är Feinde gär ze hunn a fir déi ze bieden, déi iech verfollegen, 45 well esou kënnt dir weisen, datt dir et ärem Papp am Himmel nomaacht*. Hie léisst seng Sonn nämlech iwwert schlecht a gutt Mënschen opgoen an hie léisst et op Gerechter an Ongerechter reenen. 46 Wann dir nëmmen déi gär hutt, déi iech gär hunn, firwat sollt dir dofir belount ginn? Maachen d’Steierandreiwer dat net och? 47 A wann dir nëmmen zu äre Bridder frëndlech sidd*, maacht dir dann eppes Besonnesches? Maachen d’Leit aus aneren Natiounen dat net och? 48 Dir sollt also vollkomme Léift weisen an dat perfekt Beispill vun ärem Papp am Himmel imitéieren*.