Wéi dës Broschür Iech am meeschte bréngt:
Dës Broschür soll Iech hëllefen, Freed u Gott sengem Wuert ze kréien. Ënnert all Abschnitt fannt Dir Bibeltexter, déi d’Äntwerten op déi fett gedréckte Froe ginn.
Et wier gutt, beim Liese vun den Texter drop ze uechten, wéi si d’Froe beäntwerten. D’Zeie vu Jehova hëllefen Iech gär, d’Bedeitung dovun ze verstoen. – Liest Lukas 24:32, 45.
Remarque: Déi an dëser Broschür genannte Publikatioune si vun den Zeie vu Jehova.