Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • sjj Lidd 4
  • Jehova ass mäin Hiert

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Jehova ass mäin Hiert
  • Voller Freed fir Jehova sangen
  • Änlecht Material
  • Ëmmer trei sinn
    Voller Freed fir Jehova sangen
  • Huel dir e Beispill u Jehova senger loyaler Léift
    Eist Liewen an eisen Déngscht als Chrëscht: Aarbechtsheft 2023
  • Gëff mir Mutt!
    Voller Freed fir Jehova sangen
  • Wéi s du Jehova weise kanns, datt s du hie gär hues
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Voller Freed fir Jehova sangen
sjj Lidd 4

LIDD 4

Jehova ass mäin Hiert

(Psalm 23)

  1. 1. Mäin Hiert bass du, o Jehova,

    ginn dohi wou s du mech leets.

    Du kenns mäin Häerz a meng Wënsch sou gutt

    an du weess wat mir gutt deet.

    Op friddlech Plaze mech féiers –

    wéi Wisen op engem Bierg.

    Voller Léift leets du mech mat denger Stëmm

    a bréngs mech a Sécherheet.

    Mat Léift leets du mech mat denger Stëmm

    a bréngs mech a Sécherheet.

  2. 2. Gerecht a gutt sinn deng Weeër,

    an deng Rou mäin Häerz erfrëscht.

    Mäin Hiert, wéinst dengem Numm hëllef mir,

    dass meng Trei zu dir ni brécht.

    Am Schiet vun däischteren Däller,

    do brauch ech keng Angscht ze hunn.

    Jo, ech weess, dass du ëmmer bei mir bass,

    well du bass mäi Frënd an Hiert.

    Ech weess, dass du ëmmer bei mir bass,

    well du bass mäi Frënd an Hiert.

  3. 3. Mäin Hiert bass du, o Jehova,

    gi gäre vun dir geleet.

    Du méchs mech staark an du schenks mir Rou

    a gëss mir wat mir gutt deet.

    Duerch all dat wat ech erlieft hunn,

    ass mäi Glawe lo ganz fest.

    Deng trei Léift dréit mech mäi ganzt Liewe laang.

    Fir ëmmer bass du mäin Hiert.

    Deng trei Léift dréit mech mäi Liewe laang.

    Fir ëmmer bass du mäin Hiert.

(Dozou och Ps. 28:9; 80:1.)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen