Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lff Lektioun 59
  • Du kanns trei bleiwen, och wann s du verfollegt gëss

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Du kanns trei bleiwen, och wann s du verfollegt gëss
  • Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • AN DEN DETAIL GOEN
  • FAZIT
  • MÉI GEWUER GINN
  • Sech freeën, och wann ee verfollegt gëtt
    Eist Liewen an eisen Déngscht als Chrëscht: Aarbechtsheft 2022
  • Wat d’Bibel iwwer Aarbecht a Geld seet
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
  • Sinn ech prett, mech deefen ze loossen?
    Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
Glécklech fir ëmmer – Interaktive Bibelcours
lff Lektioun 59
Lektioun 59. Zwee Poliziste féieren en Zeie vu Jehova an Handschelle laanscht Journalisten a Glawensbridder.

LEKTIOUN 59

Du kanns trei bleiwen, och wann s du verfollegt gëss

Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun
Gedréckte Versioun

Fréier oder spéider erliewen all Chrëschte Widderstand oder ginn esouguer verfollegt. Muss eis dat Angscht maachen?

1. Firwat rechne mir domat, verfollegt ze ginn?

D’Bibel seet ganz kloer: „Tatsächlich werden alle, die mit Christus Jesus verbunden sind und in Gottergebenheit leben wollen, auch verfolgt werden“ (2. Timotheus 3:12). Jesus gouf verfollegt, well hie keen Deel vum Däiwel senger Welt war. Mir sinn och keen Deel vun dëser Welt. Dofir si mir net iwwerrascht, wa mir vu Regierungen oder reliéisen Organisatioune verfollegt ginn (Johannes 15:18, 19).

2. Wéi kënne mir eis dorop virbereeden, wa mir sollte verfollegt ginn?

Mir mussen elo schonn eist Vertrauen a Jehova stäerken. Huel dir all Dag Zäit, an der Bibel ze liesen an zu Jehova ze bieden. Géi reegelméisseg an d’Versammlung. Dat gëtt dir Kraaft a Mutt, wann s du op iergendeng Aart a Weis verfollegt gëss, esouguer wann et vun denger eegener Famill kënnt. Den Apostel Paulus, deen oft verfollegt ginn ass, huet geschriwwen: „Jehova ist mein Helfer, ich werde mich nicht fürchten“ (Hebräer 13:6).

Du gëss och méi couragéiert, wann s du reegelméisseg an de Priedegtdéngscht gees. Doduerch léiers du, dech op Jehova ze verloossen an d’Angscht viru Mënschen ze iwwerwannen (Sprüche 29:25). Wann s du haut scho mat Mutt priedegs, bass du gutt dorop virbereet, weider ze priedegen, och wann d’Regierungen et verbidden (1. Thessalonicher 2:2).

3. Firwat lount et sech, net opzeginn, wa mir verfollegt ginn?

Natierlech gi mir net gär verfollegt, awer wa mir duerchhalen, gëtt eise Glawe méi staark. Mir komme Jehova méi no, well mir erliewen, wéi hie fir eis do ass, wa mir net méi weiderwëssen. (Lies Jakobus 1:2-4.) Et deet Jehova wéi, wann hie gesäit, datt mir leiden. Awer hie freet sech, wa mir duerchhalen. D’Bibel seet: „Ertragt ihr aber Leid, weil ihr Gutes tut, dann freut sich Gott“ (1. Petrus 2:20). Jehova belount all déi, déi him trei bleiwen, mat éiwegem Liewen an enger Welt, wou kee méi doru gehënnert gëtt, him ze déngen (Matthäus 24:13).

AN DEN DETAIL GOEN

Du kanns Jehova trei bleiwen, wann s du verfollegt gëss, an du kanns dir sécher sinn, datt hien dech dofir belount.

Eng Fra geet an hiert Bibelstudium, obwuel hir Elteren dogéint sinn.

4. Widderstand vun der Famill – gëff net op!

Jesus huet dorop higewisen, datt vläicht munch an der Famill net wëllen, datt mir Jehova déngen. Matthäus 10:34-36 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kéinte munch an der Famill reagéieren, wann een sech entscheet, Jehova ze déngen?

De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Jehova huet eis an seng Famill opgeholl (5:13)

  • Wat géifs du maachen, wa Frënn oder een aus der Famill dech dovun ofhale wéilt, Jehova ze déngen?

Psalm 27:10 a Markus 10:29, 30 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi kënnen dir dës Versprieche bei Widderstand vun der Famill oder Frënn hëllefen?

5. Setz dech weider fir Jehova an, wann s du verfollegt gëss

Mir brauche Mutt, wann anerer eis dovun ofhale wëllen, Jehova ze déngen. De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Couragéiert sinn, wann ee verfollegt gëtt (6:27)

  • Wéi maachen dir dës Beispiller Mutt?

Apostelgeschichte 5:27-29 an Hebräer 10:24, 25 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat ass et wichteg, Jehova och da weider ze déngen, wann d’Priedegen an d’Versammlunge verbuede ginn?

6. Jehova hëlleft dir, trei ze bleiwen

Op der ganzer Welt sinn Zeie vu Jehova, egal wou si hierkommen a wéi een Alter si hunn, Jehova trei bliwwen. Si hunn net opgehalen, him ze déngen, och wann si verfollegt goufen. Wéi hunn si dat gepackt? De VIDEO kucken an dës Fro beschwätzen:

VIDEO: Jehova mécht mech staark (3:40)

  • Wat huet dëse Bridder a Schwëstere gehollef, Jehova trei ze bleiwen?

Römer 8:35, 37-39 a Philipper 4:13 liesen. Dozou dës Fro:

  • Wéi weisen dir dës Texter, datt s du staark bleiwe kanns, wann s du verfollegt gëss?

Matthäus 5:10-12 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat kann ee glécklech sinn, och wann ee verfollegt gëtt?

Zeie vu Jehova aus eiser Zäit, déi wéinst hirem Glawe verfollegt gi sinn an an de Prisong komm sinn.

Milliounen Dénger vu Jehova sinn trei bliwwen, wéi si verfollegt goufen. Du kanns dat och!

WANN EE SEET: „Ech weess net, ob ech staark bleiwen, wann ech verfollegt ginn.“

  • Mat wéi enge Bibeltexter kéint een engem, deen esou denkt, Mutt maachen?

FAZIT

Jehova freet sech, wa mir eis weider asetzen, och wa mir verfollegt ginn. Egal wat passéiert – mat Jehova senger Hëllef kënne mir him trei bleiwen.

Réckbléck

  • Firwat musse Chrëschten domat rechnen, verfollegt ze ginn?

  • Wéi kanns du dech virbereede fir de Fall, wou s du verfollegt gëss?

  • Firwat kanns du dir sécher sinn, datt s du Jehova an all Situatioun trei bleiwe kanns?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wéi Jehova engem jonke Brudder gehollef huet, dee wéinst senger Neutralitéit an de Prisong komm ass.

Duerchhalen, wann ee verfollegt gëtt (2:34)

Wéi eng bestuete Koppel Jehova trei bleiwe konnt, obwuel si jorelaang verfollegt gouf.

Jehova déngen, wann d’Zäiten sech änneren (7:11)

Wéi een sech haut schonn dorop virbereede kann, couragéiert ze sinn, wann ee verfollegt gëtt.

„Elo scho virbereet sinn, wann ee verfollegt gëtt“ (Der Wachtturm, Juli 2019)

Wéi ee mat Widderstand an der Famill ëmgoe kann.

„D’Wouerecht bréngt net ‚Fridden …, mee e Schwäert‘“ (Der Wachtturm, Oktober 2017)

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen