Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 1
  • Un aneren interesséiert sinn

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Un aneren interesséiert sinn
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi Jesus virgaang ass
  • Wat léiere mir vu Jesus?
  • Maach et ewéi Jesus
  • Natierlech sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Léif a frëndlech sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 1

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Jesus schwätzt mat enger Fra beim Buer.

Joh. 4:6-9

LEKTIOUN 1

Un aneren interesséiert sinn

Grondsaz: „D’Léift … huet net hir eegen Interessen am Sënn“ (1. Kor. 13:4, 5)

Wéi Jesus virgaang ass

Jesus schwätzt mat enger Fra beim Buer.

VIDEO: Jesus an d’Fra beim Buer

1. De VIDEO kucken, oder Johannes 4:6-9 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat huet Jesus beobacht, éier hien e Gespréich mat der Fra ugefaang huet?

  2. Jesus sot: „Gëff mir eppes ze drénken.“ Firwat war dat eng gutt Aart a Weis, fir d’Gespréich unzefänken?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Wa mir iwwer en Theema schwätzen, wat deen aneren interesséiert, ass et éischter méiglech, datt et zu engem gudde Gespréich kënnt.

Maach et ewéi Jesus

3. Sief flexibel. Wann s du e Gespréich ufänks, da fixéier dech net op e bestëmmten Theema. Fänk mat eppes un, wat däi Vis-à-vis grad beschäftegt. Fro dech:

  1. Wat ass an den Noriichte grad aktuell?

  2. Iwwer wat schwätze meng Noperen, Aarbechts- oder Schoulkolleegen?

4. Sief opmierksam. Fro dech:

  1. Wat mécht d’Persoun grad? Iwwer wat denkt si vläicht no?

  2. Wat seet dir d’Kleedung, d’Ausgesinn oder d’Doheem iwwer hir Kultur oder hir Usiichten?

  3. Ass et e gudde Moment, fir d’Persoun unzeschwätzen?

5. Lauschter gutt no.

  1. Schwätz net ze vill.

  2. Encouragéier d’Persoun, hir Meenung ze äusseren. Wann et passend ass, stell Froen.

DOZOU OCH

Mat. 7:12; 1. Kor. 9:20-23; Phil. 2:4; Jak. 1:19

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen