Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 6
  • Sech net aschüchtere loossen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sech net aschüchtere loossen
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi Jesus virgaang ass
  • Wat léiere mir vu Jesus?
  • Maach et ewéi Jesus
  • Gëff eis Mutt!
    Voller Freed fir Jehova sangen
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 6

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Jesus fuerdert den Zachäus op, vum Bam ze klammen. Déi Leit, déi dat beobacht hunn, ware verwonnert.

Luk. 19:1-7

LEKTIOUN 6

Sech net aschüchtere loossen

Grondsaz: „Mir hu mat der Hëllef vu Gott de Mutt opbruecht, iech vun der gudder Noriicht vu Gott ze erzielen“ (1. Thes. 2:2)

Wéi Jesus virgaang ass

Jesus fuerdert den Zachäus op, vum Bam ze klammen. Déi Leit, déi dat beobacht hunn, ware verwonnert.

VIDEO: Jesus priedegt dem Zachäus

1. De VIDEO kucken, oder Lukas 19:1-7 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat war eventuell de Grond, firwat munch Leit den Zachäus gemidden hunn?

  2. Firwat huet Jesus him trotzdeem vun der gudder Noriicht erzielt?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Mir loossen eis net aschüchteren a priedegen onparteiesch jidderengem déi gutt Noriicht.

Maach et ewéi Jesus

3. Verlooss dech op Jehova. Esou wéi Gott säi Geescht Jesus d’Kraaft ginn huet ze priedegen, esou gëtt säi Geescht och dir Kraaft (Mat. 10:19, 20; Luk. 4:18). Fro Jehova dir Mutt ze ginn, wann s du Angscht hues, mat bestëmmte Leit iwwer d’Bibel ze schwätzen (Apg. 4:29).

4. Jugéier keen. Vläicht zécke mir, munch Leit unzeschwätze wéinst hirem Ausgesinn oder Liewensstil, hirem Titel, hirer sozialer Stellung oder Relioun. Awer denk drun:

  1. Jehova a Jesus gesinn an d’Häerz – mir kënnen dat net.

  2. Jidderee ka vu Jehova senger Baarmhäerzegkeet profitéieren.

5. Sief couragéiert, mee och respektvoll a virsiichteg (Mat. 10:16). Looss dech net op eng Diskussioun an. Briech d’Gespréich héiflech of, wann d’Persoun näischt wësse wëll oder wann s du d’Gefill hues, datt deng Sécherheet a Gefor ass (Spr. 17:14).

DOZOU OCH

Apg. 4:31; Eph. 6:19, 20; 2. Tim. 1:7

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen