GESCHICHT 2
Gott mécht den éischte Mann an déi éischt Fra
Jehova planzt e Gaart un, op enger Plaz, déi Eden heescht. Do gëtt et vill Blummen, Beem an Déieren. Da mécht Gott den éischte Mënsch aus Stëbs a bléist him an d’Nues. Weess du, wat da geschitt? De Mënsch fänkt un ze liewen! Säin Numm ass Adam. Jehova gëtt him d’Aufgab, sech ëm de Gaart ze këmmeren an all den Déieren en Numm ze ginn.
Jehova gëtt dem Adam eng wichteg Reegel: »Du däerfs vun all de Beem, déi Friichten hunn, iessen, awer vun engem besonnesche Bam net. Wann s du vun deem ëss, wäerts du stierwen.«
Méi spéit seet Jehova: »Ech maachen dem Adam een, deen him hëlleft.« Hie léisst den Adam ganz déif aschlofen. Hien hëlt vum Adam eng Rëpp a mécht doraus eng Fra fir hien. Den Adam an d’Eva ginn déi éischt Famill. Wéi fillt den Adam sech, wéi hien d’Eva fir d’éischte Kéier gesäit? Hien ass esou frou, datt hie rifft: »Kuck, wat Jehova aus menger Rëpp gemaach huet! Endlech een, deen esou ass ewéi ech!«
Jehova seet dem Adam an dem Eva, datt si Kanner kréie sollen, fir datt op der ganzer Äerd Mënsche sinn. Hie wëll, datt si gär zesumme schaffen. Si sollen aus der ganzer Äerd e Paradis maachen, also e schéine Park ewéi de Gaart Eden. Awer et kënnt ganz anescht. Wat geschitt elo? Dat erzielt déi nächst Geschicht.
„De Schëpfer [huet] d’Mënsche vun Ufank un als Mann a Fra gemaach“ (Matthäus 19:4)