GESCHICHT 3
Den Adam an d’Eva follege Gott net
Enges Daags ass d’Eva eleng an eng Schlaang schwätzt mat him. Si seet: »Stëmmt et wierklech, datt Gott iech net vun all Bam am Gaart iesse léisst?« D’Eva seet: »Mir kënne vun all Bam iessen, ausser vun engem. Wa mir vun deem Bam iessen, stierwe mir.« D’Schlaang seet: »Dir wäert net stierwen. Wann dir dovun iesst, gitt dir ewéi Gott.« Ass dat wouer? Nee, et ass eng Ligen. Mee d’Eva gleeft der Schlaang. Wat d’Eva méi laang op d’Fruucht kuckt, wat hatt méi Loscht kritt se z’iessen. Hatt ësst d’Fruucht a gëtt och dem Adam eppes dovun. Hie weess, datt si stierwen, wann si Gott net follegen. An trotzdeem ësst hien d’Fruucht.
Owes schwätzt Jehova mam Adam an Eva. Hie freet si, firwat si net gefollegt hunn. Den Adam gëtt dem Eva d’Schold an d’Eva gëtt der Schlaang d’Schold. Well den Adam an d’Eva net gefollegt hunn, schéckt Jehova si aus dem Gaart eraus. Hie stellt Engelen an e Schwäert aus Feier bei den Agang. Doduerch kënnen den Adam an d’Eva ni méi an de Gaart zeréck.
Jehova seet, datt hien och dee bestrooft, deen d’Eva ugelunn huet. Et war net d’Schlaang selwer, déi mam Eva geschwat huet. Jehova huet keng Schlaange gemaach, déi schwätze kënnen. E béisen Engel huet d’Schlaang gebraucht fir ze schwätzen. Hien huet d’Eva erageluecht. Dësen Engel gëtt Satan, den Däiwel, genannt. Jehova vernicht den Däiwel geschwënn. Da kann hie kee méi eraleeën an dozou bréngen, eppes Schlechtes ze maachen.
„Den Däiwel … war vun Ufank un e Mäerder an huet net un der Wouerecht festgehalen, well hie keng Wouerecht a sech huet“ (Johannes 8:44, Foussnout)