-
Rose sinn ass geféierlechLéier vun de Geschichten aus der Bibel
-
-
GESCHICHT 4
Rose sinn ass geféierlech
Nodeems den Adam an d’Eva de Gaart Eden verlooss hunn, kréie si vill Kanner. Hiren éischte Jong, de Kain, gëtt Bauer. Hiren zweete Jong, den Abel, gëtt Schofshiert.
Enges Daags bréngen de Kain an den Abel Jehova Affer duer. Weess du wat et bedeit, Gott en Affer duerzebréngen? Et bedeit, him e Geschenk ze maachen. Jehova freet sech iwwer dem Abel säin Affer, awer net iwwer d’Affer vum Kain. Dat mécht de Kain richteg rosen. Jehova warnt de Kain, net esou rosen ze sinn, well dat dozou féiere kéint, datt hien eppes Schlëmmes mécht. Mee de Kain lauschtert net op Jehova.
De Kain seet zum Abel: »Komm mat mir op d’Feld.« Wéi si eleng um Feld sinn, gräift de Kain säi Brudder un a bréngt hien ëm. Wat mécht Jehova elo? Hie bestrooft de Kain a schéckt hie wäit ewech vu senger Famill. Hien däerf ni méi zeréckkommen.
Wat kënne mir doraus léieren? Munchmol gi mir rosen, well d’Saachen net esou ginn, wéi mir wëllen. Wat solle mir maachen, wa mir mierken, datt mir ëmmer méi rose ginn? Oder wann anerer mierken, datt mir rose sinn an eis dowéinst warnen? Da musse mir eis direkt ustrengen, fir eis Gefiller ze kontrolléieren, ier si eis kontrolléieren.
Den Abel hat Jehova gär an huet dat gemaach, wat richteg ass. Dofir erënnert sech Jehova ëmmer nach un hien. Hie mécht den Abel erëm lieweg, wann hien aus der Äerd e Paradis mécht.
„Schléiss fir d’éischt Fridde mat dengem Brudder an da komm zeréck an offréier däin Affer“ (Matthäus 5:24)
-
-
Dem Noah seng ArchLéier vun de Geschichten aus der Bibel
-
-
GESCHICHT 5
Dem Noah seng Arch
Mat der Zäit gëtt et ëmmer méi Mënschen op der Äerd. Déi meescht vun hinne si béis. Esouguer eng Rei vun Engele gi béis. Si verloossen den Himmel a kommen als Mënschen op d’Äerd. Weess du firwat? Well si sech mat Frae bestuede wëllen.
D’Engele kréien zesumme mat de Frae Jongen, déi ganz staark Männer ginn. Si maachen aneren Angscht an dinn hinne wéi. Jehova kann dat net weider zouloossen. Hie beschléisst, déi ganz Äerd mat Waasser ze iwwerschwemmen, fir datt all déi béis Mënsche stierwen.
Mee do ass ee Mann, deen anescht ass. Säin Numm ass Noah an hien huet Jehova gär. Hien huet eng Fra an dräi Jongen: de Sem, den Ham an de Japhet. Si sinn allen dräi bestuet. Jehova stellt den Noah un, eng grouss Arch ze bauen, fir datt hien a seng Famill d’Sintflut iwwerliewe kënnen. Dës Arch ass eng riseg Këscht aus Holz, déi um Waasser schwëmmt. Jehova seet och zum Noah, hie soll vill Déieren an d’Arch bréngen, fir datt och si iwwerliewen.
Den Noah fänkt direkt domat un, d’Arch ze bauen. Hien a seng Famill brauchen ongeféier 50 Joer, bis si domat fäerdeg sinn. Si bauen d’Arch geneesou, wéi Jehova hinnen et gesot huet. Wärend dëser Zäit warnt den Noah déi aner Mënsche virun der Sintflut. Mee kee lauschtert op hien.
Dann ass et Zäit, an d’Arch ze goen. Wëlls du wëssen, wéi et weidergeet?
„Esou wéi d’Zäit vum Noah war, esou gëtt och d’Géigewaart vum Jong vum Mënsch“ (Matthäus 24:37)
-