GESCHICHT 7
Den Tuerm vu Babel
No der Sintflut kréien dem Noah seng Jongen an hir Frae vill Kanner. Hir Famillje ginn ëmmer méi grouss. Si fänken un, op verschiddene Plazen op der Äerd ze liewen, esou wéi Jehova hinnen et gesot huet.
Awer munch Famillje lauschteren net op Jehova. Si soen: »Kommt, mir bleiwen alleguer hei a bauen eng Stad an och en Tuerm, deen esou héich ass, datt e bis an den Himmel geet. An da gi mir immens berüümt.«
Jehova ass doriwwer guer net frou an hie wëll eppes dergéint maachen. Weess du, wat hie mécht? Hie bewierkt, datt d’Mënsche plëtzlech a verschiddene Sprooche schwätzen. Wat muss dat en Duerchernee sinn! Si verstinn een deen aneren net méi a kënnen net méi weiderbauen. Dofir kritt d’Stad, déi si bauen, den Numm Babel, wat „Duercherneen“ bedeit. No an no plënneren si aus Babel fort a verdeelen sech op der ganzer Äerd. Mee och do maache si weider schlecht Saachen. Gëtt et iwwerhaapt nach Mënschen, déi Jehova gär hunn? Dat fanne mir an der nächster Geschicht eraus.
„Jiddereen, dee sech nämlech selwer erhieft, gëtt erniddregt, a wie sech selwer erniddregt, gëtt erhuewen“ (Lukas 18:14, BFL)