Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 12
  • Mutt hunn, eppes unzeschwätzen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Mutt hunn, eppes unzeschwätzen
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi Jesus virgaang ass
  • Wat léiere mir vu Jesus?
  • Maach et ewéi Jesus
  • Wéi ee mam Buch „Glécklech fir ëmmer“ e Bibelcours duerchféiert
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • De Bibelschüler hëllefen, fir d’Wouerecht Stellung ze bezéien
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2025
  • Op eng einfach Aart a Weis léieren
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 12

JÜNGER MAACHEN

Jesus schwätzt léif a frëndlech mat engem Mann, dee virun him an senge Jünger knéit.

Mar. 10:17-22

LEKTIOUN 12

Mutt hunn, eppes unzeschwätzen

Grondsaz: „Ueleg a Weirauch maachen d’Häerz frou, esou och eng gutt Frëndschaft, déi duerch éierleche Rot entsteet“ (Spr. 27:9)

Wéi Jesus virgaang ass

Jesus speaking warmly to a man who is kneeling in front of him and his disciples.

VIDEO: Jesus gëtt engem räiche Mann e Rot

1. De VIDEO kucken, oder Markus 10:17-22 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat fir gutt Eegenschaften huet Jesus méiglecherweis bei dem jonke Mann gesinn?

  2. Firwat huet Jesus esouwuel Léift wéi och Mutt missen hunn, fir dem Mann e Rot ze ginn?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Et ass wichteg, léif an och offe mam Bibelschüler ze schwätzen, fir him ze hëllefen, Fortschrëtter ze maachen.

Maach et ewéi Jesus

3. Hëllef dengem Bibelschüler, sech Ziler ze setzen an se ze erreechen.

  1. Gebrauch d’„Zil“ um Enn vun all Lektioun am Buch Glécklech fir ëmmer.

  2. Hëllef dengem Bibelschüler erauszefannen, wat hie maache muss, fir esouwuel kuerz- wéi och laangfristeg Ziler ze erreechen.

  3. Luef hie reegelméisseg fir dat, wat hie schonn erreecht huet.

4. Fann eraus, wat däi Bibelschüler drun hënnert, Fortschrëtter ze maachen, an hëllef him dës Schwieregkeeten ze iwwerwannen.

  1. Fro dech:

    • Wa mäi Bibelschüler net op d’Daf hischafft, wat kéint d’Ursaach sinn?

    • Wat kann ech maachen, fir him ze hëllefen?

  2. Fro Jehova, dir de Mutt ze ginn, fir dengem Bibelschüler offen a léif ze soen, wat hie maache muss.

5. Hal mam Bibelcours op, wann en net produktiv ass.

  1. Versich erauszefannen, ob de Bibelcours produktiv ass. Fro dech dofir:

    • Setzt de Bibelschüler dat ëm, wat hie léiert?

    • Kënnt hien an d’Versammlung a schwätzt hie mat aneren iwwer d’Wouerecht?

    • Wëll hien, nodeem hie schonn eng länger Zäit studéiert huet, en Zeie vu Jehova ginn?

  2. Wann e Bibelschüler net bereet ass, Fortschrëtter ze maachen:

    • Fro hien, doriwwer nozedenken, wat hien zeréckhält.

    • Erklär him frëndlech, firwat s du mam Bibelcours ophäls.

    • So him, wat hien ännere muss, fir mam Bibelcours kënne weiderzefueren.

DOZOU OCH

Ps. 141:5; Spr. 25:12; 27:6; 1. Kor. 9:26; Kol. 4:5, 6

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen