BEI INTERESSI NET OPGINN
LEKTIOUN 7
Net ze schnell opginn
Grondsaz: „Si hunn net opgehalen, … d’Leit ze léieren an d’gutt Noriicht ze verkënnegen“ (Apostelgeschichte 5:42, BFL)
Wéi de Paulus virgaang ass
1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 19:8-10 liesen. Dozou dës Froen:
Wouru gesäit een, datt de Paulus beim Priedegen net schnell opginn huet, wéi munch Leit negativ reagéiert hunn?
Wéi oft ass de Paulus higaang, fir den Interesséierten ze priedegen a wéi laang huet hien dat gemaach?
Wat léiere mir vum Paulus?
2. Et ass néideg, Zäit a Kraaft anzesetzen, fir qualitativ gutt Réckbesich ze maachen an e Bibelcours unzefänken.
Maach et ewéi de Paulus
3. Pass däin Zäitplang deem aneren un. Fro dech: „Wéini ass déi beschten Zäit, fir hien ze erreechen a wou passt et him am beschten?“ Sief bereet, dech no him ze riichten, och wann et fir dech net esou gënschteg ass.
4. Maach e Rendez-vous aus. Maach um Enn vun all Gespréich en Termin aus fir déi nächste Kéier. Hal dech un dat, wat s du ausgemaach hues.
5. Gëff d’Hoffnung net op. Géi net ze schnell dovun aus, datt eng Persoun net interesséiert ass, wann si seelen doheem oder oft beschäftegt ass (1. Kor. 13:4, 7). Bleif ausgeglachen, andeem s du net ze schnell opgëss, awer och keng wäertvoll Zäit verléiers (1. Kor. 9:26).