Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 2
  • Natierlech sinn

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Natierlech sinn
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi de Philippus virgaang ass
  • Wat léiere mir vum Philippus?
  • Maach et ewéi de Philippus
  • Un aneren interesséiert sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • „Déi gutt Noriicht iwwer Jesus“ priedegen
    Bezei a priedeg Gott säi Kinnekräich grëndlech
  • Wéini soll een e Gespréich ofbriechen?
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 2

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Den Evangeliumsverkënneger Philippus schwätzt mat engem Äthiopier, deen a sengem Won sëtzt an eng Schrëftroll liest.

Apg. 8:30, 31

LEKTIOUN 2

Natierlech sinn

Grondsaz: „Wéi gutt ass dach e Wuert zur richteger Zäit!“ (Spr. 15:23)

Wéi de Philippus virgaang ass

Den Evangeliumsverkënneger Philippus schwätzt mat engem Äthiopier, deen a sengem Won sëtzt an eng Schrëftroll liest.

VIDEO: De Philippus priedegt engem äthiopeschen Eunuch

1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 8:30, 31 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wéi huet de Philippus d’Gespréich ugefaang?

  2. Firwat war dat eng natierlech Aart a Weis, d’Gespréich unzefänken an dem Mann en neie Gedanken ze erklären?

Wat léiere mir vum Philippus?

2. Wa sech e Gespréich natierlech entwéckelt, ass et méi warscheinlech, datt eise Vis-à-vis sech wuel fillt a bereet ass nozelauschteren.

Maach et ewéi de Philippus

3. Sief opmierksam. De Gesiichtsausdrock an d’Kierpersprooch soe vill iwwer eng Persoun aus. Hues du den Androck, datt dës Persoun offen ass fir e Gespréich? Da kanns du vläicht op d’Bibel ze schwätze komme mat der einfacher Fro: „Wousst Dir, datt …?“ Forcéier awer keen, mat dir ze schwätzen, wann een net dozou bereet ass.

4. Sief gedëlleg. Du muss net onbedéngt direkt ufänken iwwer d’Bibel ze schwätzen. Waart op eng passend Geleeënheet, an där s du ganz natierlech dorop ze schwätze kënns. Wann dee Moment net passend ass, waart op eng nächst Geleeënheet, wou s du mat der Persoun schwätz.

5. Pass dech un. E Gespréich geet vläicht an eng Richtung, mat där s du net gerechent hues. Sief da bereet, der Persoun eppes ze weisen, wat fir si wichteg ass, och wann dat heescht, iwwer en anert Theema ze schwätzen ewéi dat, wat s du am Sënn has.

DOZOU OCH

Pred. 3:1, 7; 1. Kor. 9:22; 2. Kor. 2:17; Kol. 4:6

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen