Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 4
  • Sech net fir ze wichteg huelen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Sech net fir ze wichteg huelen
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi de Paulus virgaang ass
  • Wat léiere mir vum Paulus?
  • Maach et ewéi de Paulus
  • Déi richteg Wierder wielen
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 4

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Den Apostel Paulus, deen un engem Wiechter ugekett ass, schwätzt respektvoll mam Kinnek Agrippa, mam Gouverneur Festus a mam Bernice.

Apg. 26:2, 3

LEKTIOUN 4

Sech net fir ze wichteg huelen

Grondsaz: „Gesitt mat Demut déi aner méi héich un ewéi iech selwer“ (Phil. 2:3)

Wéi de Paulus virgaang ass

Den Apostel Paulus, deen un engem Wiechter ugekett ass, schwätzt respektvoll mam Kinnek Agrippa, mam Gouverneur Festus a mam Bernice.

VIDEO: De Paulus priedegt dem Kinnek Agrippa

1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 26:2, 3 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wéi huet de Paulus Demut gewisen, wéi hie mam Kinnek Agrippa geschwat huet?

  2. Wéi huet de Paulus d’Opmierksamkeet op Jehova an op d’Schrëfte gelenkt amplaz op sech selwer? (Dozou Apostelgeschichte 26:22.)

Wat léiere mir vum Paulus?

2. Wat mir soen, schwätzt anerer méi un, wa mir et mat Demut a Respekt eriwwerbréngen.

Maach et ewéi de Paulus

3. Sief net arrogant. Gëff net den Androck, wéi wann s du alles wéisst an deen aneren näischt. Géi respektvoll mat him ëm.

4. Looss d’Bibel schwätzen. A Gott sengem Wuert sti Gedanken, déi d’Häerzer vun de Mënsche beréieren. Wa mir also säi Wuert gebrauchen, dann hëllefe mir hinnen, hire Glawen op der richteger Grondlag opzebauen.

5. Looss dech net provozéieren. Insistéier net drop, datt s du Recht hues. Mir wëllen net streiden. Weis Demut, andeem s du roueg bleifs an och weess, wéini et besser ass ze goen (Spr. 17:14; Tit. 3:2). Wa mir esou virginn a frëndlech bleiwen, loosse mir d’Dier op fir déi nächste Kéier.

DOZOU OCH

Röm. 12:16-18; 1. Kor. 8:1; 2. Kor. 3:5

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen