Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 5
  • Déi richteg Wierder wielen

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Déi richteg Wierder wielen
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi de Paulus virgaang ass
  • Wat léiere mir vum Paulus?
  • Maach et ewéi de Paulus
  • „Gott sichen an hie wierklech fannen“
    Bezei a priedeg Gott säi Kinnekräich grëndlech
  • Sech net fir ze wichteg huelen
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Un aneren interesséiert sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Natierlech sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Méi gesinn
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 5

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Den Apostel Paulus schwätzt mat Leit vun Athen.

Apg. 17:22, 23

LEKTIOUN 5

Déi richteg Wierder wielen

Grondsaz: „Är Wierder sollen ëmmer frëndlech sinn“ (Kol. 4:6)

Wéi de Paulus virgaang ass

Den Apostel Paulus schwätzt mat Leit vun Athen.

VIDEO: De Paulus priedegt de Leit vun Athen

1. De VIDEO kucken, oder Apostelgeschichte 17:22, 23 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat ass am Paulus virgaang, wéi hien déi falsch reliéis Bräich an der Stad Athen beobacht huet? (Dozou Apostelgeschichte 17:16.)

  2. De Paulus huet d’Atheener net fir dat verurteelt, wat si gegleeft hunn. Wéi huet hien taktvoll op hiren Usiichten opgebaut, fir vun der gudder Noriicht ze erzielen?

Wat léiere mir vum Paulus?

2. D’Leit lauschteren eis éischter no, wa mir gutt oppassen, wat mir soen, wéi mir et soen a wéini.

Maach et ewéi de Paulus

3. Wiel déi richteg Wierder. Wann s du zum Beispill mat engem schwätz, dee kee chrëschtlechen Hannergrond huet, ass et wichteg opzepassen, wéi s du dech op d’Bibel an op Jesus bezitts.

4. Korrigéier net alles, wat däi Vis-à-vis seet. Looss hie fräi eraus soen, wat hien denkt. Korrigéier hien net, wann hien eppes seet, wat deem widdersprécht, wat an der Bibel steet (Jak. 1:19). Wann s du gutt nolauschters, gëss du gewuer, wéi hien denkt a firwat hien esou denkt (Spr. 20:5).

5. Versich d’Persoun ze luewen an hir zouzestëmmen, wann et ubruecht ass. Si ass warscheinlech éierlech dovun iwwerzeegt, datt dat, wat si gleeft, richteg ass. Sich fir d’éischt no Gemeinsamkeeten, bau dorop op an hëllef hir Schrëtt fir Schrëtt ze verstoen, wat d’Bibel léiert.

DOZOU OCH

Spr. 25:15; 2. Tim. 2:23-26; 1. Pet. 3:15

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen