Wachtturm ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Wachtturm
ONLINE-BIBLIOTHÉIK
Lëtzebuergesch
  • BIBEL
  • PUBLIKATIOUNEN
  • VERSAMMLUNGEN
  • lmd Lektioun 3
  • Léif a frëndlech sinn

Fir dës Auswiel gëtt et kee Video.

Et gouf e Problem beim Erofluede vun dësem Video.

  • Léif a frëndlech sinn
  • Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Ënnertitel
  • Änlecht Material
  • Wéi Jesus virgaang ass
  • Wat léiere mir vu Jesus?
  • Maach et ewéi Jesus
  • Un aneren interesséiert sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Das „Gesetz der Freundlichkeit“ und du
    De Wachtturm mécht Jehova säi Kinnekräich bekannt (Studienausgab) 2022
  • Sech an d’Lag vun anere versetzen
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
  • Natierlech sinn
    Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
Méi gesinn
Hutt Mënsche gär – Maacht si zu Jünger
lmd Lektioun 3

E GESPRÉICH UFÄNKEN

Jesus geet frëndlech op e Mann duer, fir hien ze heelen.

Joh. 9:1-7

LEKTIOUN 3

Léif a frëndlech sinn

Grondsaz: „D’Léift ass … häerzensgutt“ (1. Kor. 13:4)

Wéi Jesus virgaang ass

Jesus geet frëndlech op e Mann duer, fir hien ze heelen.

VIDEO: Jesus heelt e blanne Mann

1. De VIDEO kucken, oder Johannes 9:1-7 liesen. Dozou dës Froen:

  1. Wat huet Jesus fir d’éischt gemaach – de blanne Mann geheelt oder him vun der gudder Noriicht erzielt? (Dozou Johannes 9:35-38.)

  2. Firwat kéint d’Aart a Weis, wéi Jesus virgaang ass, dozou bäigedroen hunn, datt de Mann positiv op déi gutt Noriicht reagéiert huet?

Wat léiere mir vu Jesus?

2. Eng Persoun ass éischter bereet nozelauschteren, wann si d’Gefill huet, datt mir éierlech un hir interesséiert sinn.

Maach et ewéi Jesus

3. Versetz dech an d’Situatioun vun deem aneren. Versich dir virzestellen, wat an deem anere virgeet.

  1. Fro dech: „Wat beschäftegt hien eventuell? Wat géif him an senger Situatioun hëllefen a guttdoen?“ Esou kanns du op eng natierlech an éierlech Aart a Weis léif a frëndlech sinn.

  2. Weis, datt dir eppes un der Persoun läit, andeem s du gutt nolauschters. Wann si dir erzielt, wéi si iwwer eng Saach denkt oder dir vun hire perséinleche Suergen a Problemer erzielt, da wiessel net d’Theema.

4. Schwätz frëndlech a respektvoll. Wann s du mat der Persoun matfills an hir wierklech hëllefe wëlls, kënnt dat an denger Stëmm zum Ausdrock. Iwwerlee dir gutt, wat a wéi s du eppes sees. Vermeit Saachen ze soen, déi si blesséiere kéint.

5. Sief hëllefsbereet. Hal deng Aen op, fir Geleeënheeten ze erkennen, wou s du praktesch Hëllef leeschte kanns. Wann s du frëndlech an hëllefsbereet bass, kann dat eng Dier opmaache fir e Gespréich.

DOZOU OCH

Röm. 12:15, 16; Gal. 6:10; Heb. 13:16

    Lëtzebuergesch Publikatiounen (2008-2025)
    Ofmellen
    Umellen
    • Lëtzebuergesch
    • Deelen
    • Astellungen
    • Copyright © 2025 Watch Tower Bible and Tract Society of Pennsylvania
    • Notzungsbedingungen
    • Dateschutzerklärung
    • Datenschutzeinstellungen
    • JW.ORG
    • Umellen
    Deelen